Haut op engem 30. Januar...

Lauschtert eran!

Haut feiert ee ganz groussen aus der Musek-Welt Gebuertsdag. De Phil Collins kritt 69 Joer. Bekannt ginn ass hien als Solo-Kënschtler an als Front-Mann vun der Rock-Band Genesis. Mat iwwer 250 Millioune verkaafte Placken gehéiert de Phil Collins zu deenen erfollegräichste Museker aus der Branche. Am Laf vu senger Karriär huet hie 7 Grammys gewonnen an zanter 2003 ass hie Member an der Rock and Roll Hall of Fame.

42 Joer sinn et dann hier, datt INXS mat hirem Titel “Need You Tonight” op där éischter Plaz an den amerikanesche Single-Charts stoungen. INXS war eng australesch Rock-Band, déi 1977 vun de Farriss-Bridder gegrënnt gouf a virun allem an den 80er an an den 90er Joren hir grouss Erfolleger feiere konnt. 2012 huet de Batteur Jon Farriss bekannt ginn, datt INXS sech no 35 Joer Band-Geschicht opléisen.

Haut viru genee 20 Joer war d’Bloodhound Gang fir e Concert hei zu Lëtzebuerg am Atelier. Si hunn deemools hiren drëtten Album “Hooray For Boobies” presentéiert, op deem och ënnert anerem den Titel “Bad Touch” drop ass. “Hooray for Boobies” hat an Däitschland an an Éisträich di éischt Plaz an den Charts erreecht a war deen erfollegräichsten Album vun der Bloodhound Gang.

An dann nach eng Nummer 1 aus eisem Eldoradio Chartbreaker: Do stoung um 30. Januar 2015 den Jonas Blue mat sengem Lidd “Fast Car”. De Song konnt sech am Ganze fir eng Woch op der Eent halen.