Haut op engem 31. Januar...

Lauschtert eran!

Op engem 31. Januar waren direkt e puer gréisser Concerten hei zu Lëtzebuerg. Enn Januar am Joer 2010 hu Rammstein an der Rockhal gespillt. 2 Joer duerno waren et d’Guano Apes di fir e Concert hei zu Lëtzebuerg am Atelier waren. Um 31.01.2017 ware Bastille hei zu Lëtzebuerg an der Rockhal genee ewéi den David Guetta ee Joer mi spéit.

Haut feiere mir dann och nach dräi Gebuertsdeeg, den däitsche Rapper Cro kritt 30 Joer, de Marcus Mumford – Frontmann vu Mumford & Sons – feiert seng 33 an den Justin Timberlake kritt der 39. A senger Karriär huet hien ënnert anerem schonn 10 Grammy-Awards gewonnen.

Um 31. Januar am Joer 1983 stoung den däitsche Sänger Peter Schilling mat sengem Hit “Major Tom (völlig losgelöst)” fir ganzer 8 Wochen op där éischter Plaz an den däitsche Single-Charts. Haut lieft de Peter Schilling zu München an ass als Museker an als Schrëftsteller aktiv.

21 Joer sinn et hier, datt Liquido et mat hirem Lidd “Narcotic” op d’Eent an Éisträich gepackt haten. D’lescht Joer huet de Berliner Duo Younotus eng Cover-Versioun vun “Narcotic” erausbruecht an domat groussen Erfolleg gefeiert.