Haut op engem 2. Februar...

Lauschtert eran!

Haut hätt di amerikanesch Sängerin a Gittaristin Eva Cassidy Gebuertsdag gefeiert, si wier 57 Joer al ginn. Kuerz no der Verëffentlechung vun hirem éischte Solo-Album mam Titel “Eva by Heart” ass d’Eva Cassidy u Kriibs gestuerwen.

Um 2. Februar am Joer 2004 hunn d’Scissor Sisters hiren Debut-Album mam einfachen Titel “Scissor Sisters” erausbruecht. Et waren ënnert anerem d’Lidder “Comfortably Numb”, “Take Your Mama” a “Laura” drop. Fir hiren Debut-Album sollten d’Scissor Sisters am Joer drop och e BRIT-Award gewannen.

Um 2. Februar 2011 koum dunn eng traureg Nouvelle fir alleguerten d’”Seven Nation Army”-Fans. Op hirer Websäit hunn d’White Stripes bekannt ginn, datt si sech opléise géifen. “Seven Nation Army” war eng vun de Single-Auskopplungen aus dem véierte White Stripes-Album “Elephant”.

An haut sinn et 7 Joer hier, datt de Macklemore, de Ryan Lewis an de Wanz et mat hirem Mega-Hit “Thrift Shop” op di éischt Plaz an den amerikanesche Single-Charts gepackt haten. De Song war um Macklemore sengem Debut-Album “The Heist” drop. “Thrift Shop” war e weltwäiten Iwwerraschungs-Erfolleg. An iwwer 10 Länner hat de Song et op d’Eent an den Charts gepackt.