Haut op engem 3. Februar...

Lauschtert eran!

Haut viru 34 Joer stoungen d’Dire Straits mat hirem fënneften Album “Brothers In Arms” op der Plaz 1 an de britteschen Charts, dat am Ganze fir 10 Wochen. “Brothers In Arms” ass deen erfollegräichsten Album vun den Dire Straits: Zwee Grammys, ee BRIT-Award a bis haut dee siwent-bescht-verkaaften Album a Groussbritannien. Op der LP waren ënnert anerem d’Tracks “Money for Nothing” a “Walk of Life”. Mat “Brothers In Arms” sollten d’Dire Straits et och fir 9 Wochen op d’Eent an den USA a fir ganzer 34 Wochen op d’Eent an Australie packen.

Um 3. Februar 2012 hat de Michel Teló et mat sengem “Ai Se Eu Te Pego” fir 9 Wochen op di éischt Plaz an den däitsche Single-Charts gepackt. “Ai Se Eu Te Pego” war en internationalen Hit, och a villen anere Länner hat de Michel Teló et op d’Eent an den Charts gepackt. Et sollt awer leider säin eenzegen Erfolleg bleiwen.

Parallel stounge Kraftklub um 3. Februar 2012 op der Plaz 1 an den däitschen Album-Charts. Dat mat hirem Debut-Album “Mit K”, op deem ënnert anerem d’Lidder “Ich will nicht nach Berlin”, “Zu jung”, “Mein Leben” oder “Songs für Liam” drop sinn. Viru kuerzem huet de Kraftklub-Front-Mann Felix Kummer e Solo-Album mam Titel “Kiox” erausbruecht.

7 Joer sinn et dann haut hier, datt Biffy Clyro mat hirem Song “Opposite” op där éischter Plaz an de UK-Single-Charts stoungen. Fir di éischt Hallschent vum Joer 2020 hu Biffy Clyro en neien Album annoncéiert.