Haut op engem 19. Februar...

Lauschtert eran!

Haut ginn et 40 Joer datt de Bon Scott eis fir ëmmer verlooss huet, hie sollt nëmmen 33 Joer al ginn. De brittesch-australesche Museker war vun 1974 bis zu sengem Dout de Sänger vun der Hard-Rock Band AC/DC. No enger laanger Nuecht mat vill Alkohol ass de Bon Scott um Moie vum 19. Februar 1980 dout am Auto vun engem Kolleeg opfonnt ginn. Deen hat de Sänger do schlofe gelooss, well hien en net mat erop an d’Appartement kritt hat, d’Doudesursaach war eng Alkoholvergëftung. Nom Scott sengem Dout hunn AC/DC him mam neie Sänger Brian Johnson den Album “Back in Black” gewidmet, dee bis haut ee vun deene meescht-verkaaften aus der Museks-Geschicht ass.

Haut hätt de Falco 63 Joer gefeiert. Um 6. Februar 1998 ass den éisträichesche Museker bei engem Autosaccident an der Dominikanescher Republik ëm d’Liewe komm. Säin Titel “Rock Me Amadeus” ass iwweregens bis haut dat eenzegt däitsch-sproochegt Lidd, dat et op d’Eent an den amerikanesche Billboard-Charts gepackt huet.

Gebuertsdag feiert dann haut dem Heidi Klum säin Ex, de Seal gëtt 57 Joer al.

An och d’Beth Ditto gëtt ee Joer méi al, hatt kritt der 39. Bis zu der Opléisung am Joer 2016 war hatt d’Sängerin an d’Front-Fra vun der Band Gossip.

A genee 15 Joer sinn et dann haut hier, datt Keane et mat hirem Debut-Album “Hopes And Fears” op d’Plaz 1 an de UK-Album-Charts gepackt haten. Mat drop waren ënnert anerem d’Songs “Bedshaped”, “This Is The Last Time”, “Somewhere Only We Know” an “Everybody’s changing”. D’lescht Joer am September hu Keane hire mëttlerweil sechsten Album “Cause and Effect” erausbruecht.