Haut op engem 20. Januar...

Lauschtert eran!

Haut wier de Kurt Cobain 53 Joer al ginn. De Sänger a Gittarist vun der Band Nirvana huet sech um 5. Abrëll 1994 a sengem Haus zu Seattle d’Liewe geholl a sollt also nëmme 27 Joer al ginn.

Gebuertsdag feiert dann haut d’Rihanna, d’Sängerin gëtt 32 Joer al. Am Laf vu senger Karriär huet hatt iwwer 250 Millioune Placke verkaaft an 9 Grammys gewonnen. Viru kuerzem huet d’Rihanna annoncéiert, datt hatt mat den Aarbechten u sengem neien Album “R9” ugefaangen hätt.

Haut gëtt dann och den däitsche Museker Jan Delay ee Joer méi al, hie kritt der 44.

Um 20. Februar 1988 hat d’Kylie Minogue et mat sengem Titel “I Should Be So Lucky” op d’Plaz 1 an de UK-Single-Charts gepackt. Et war der Sängerin hir international Debut-Single, mat där si et direkt a siwe Länner ganz uewen an d’Charts packe konnt, dorënner Däitschland, d’Schwäiz, Australien an eben och Groussbritannien. D’Kylie Minogue huet bis haut 14 Alben erausbruecht, 1 Grammy an 3 BRIT Awards gewonnen a knapp 100 Millioune Placke verkaaft.

An e ganz grousst Meeschterwierk aus der Museks-Geschicht sollt et haut viru genee 20 Joer ganz uewen an di éisträichesch Single-Charts packen: Den DJ Ötzi mat sengem Mega-Hit “Anton aus Tirol”. De Song war um Ötzi sengem Debut-Album mam Titel “Das Album” drop a konnt sech fir am Ganzen 10 Wochen op der Eent an Éisträich halen.