Haut op engem 21. Februar...

Lauschtert eran!

Haut virun 39 Joer hat d’Dolly Parton et mat sengem Titel “9 to 5” fir 5 Wochen op d’Plaz 1 an den amerikanesche Single-Charts gepackt. D’Dolly Parton ass eng amerikanesch Musekerin a Schauspillerin, déi am Laf vun hirer Karriär iwwer 100 Milliounen Albe verkaaft an 9 Grammys gewonnen huet.

Um selwechten Dag, dem 21.02.1981, stoung de Phil Collins mat sengem Album “Face Value” op der Eent an de britteschen Charts, dat am Ganze fir 3 Wochen. Do war ënnert anerem d’Single “In The Air Tonight” drop. “Face Value” war dem Collins säin alleréischte Solo-Album.

Um 21. Februar 1987 ass “Stand By Me” op d’Nummer 1 an de UK-Single-Charts geklommen. Den Titel vum Ben E. King war scho 26 Joer virdrun erauskomm, mee gouf 87 fir de Film mam nämmlechten Numm als Titeltrack benotzt. Doduerch konnt de Song erëm an d’Charts klammen. “Stand By Me” ass iwwer 400 Mol gecovert ginn, a sollt sech am Original iwwer 17 Millioune Mol verkafen.

11 Joer sinn et dann hier, datt d’Kings of Leon et mat hirem Song “Use Somebody” fir eng Woch op d’Eent an eisem Eldoradio Chartbreaker gepackt haten. Et war eng vun de Single-Auskopplungen aus dem véierte Kings-of-Leon-Album “Only by the Night”. “Use Somebody” sollt gutt bei de Kritiker ukommen an dat Joer direkt 3 Grammy Awards ofraumen.