Haut op engem 26. Februar...

Lauschtert eran!

Haut hätt ee vun den aflossräichsten amerikanesche Country-Sänger a Songwriter Gebuertsdag gefeiert. Den Johnny Cash wier haut 88 Joer al ginn. Am Laf vu senger Karriär huet de Cash, deen de Spëtznumm “Man in Black” hat, ronn 500 Songs geschriwwen, méi ewéi 50 Millioune Placke verkaaft an 13 Grammys gewonnen.

22 Joer sinn et dann haut hier, datt Fools Garden an hirer Heemecht Däitschland fir am Ganze 4 Wochen op der Eent an de Single-Charts stoungen, dat mat hirem eenzege groussen Hit “Lemon Tree”. An engem Interview huet de Fools-Garden-Sänger Peter Freudenthaler gezielt, datt hien d’Lidd innerhalb vun nëmmen 20 Minutten op engem Sonnden Nomëtten a senger Schlofkummer geschriwwen hat, ewéi hien op seng Frëndin gewaart hätt. Den Titel “Lemon Tree” hätt hie gewielt, well en einfach gutt geklongen hätt.

Haut virun 13 Joer hunn d’Kaiser Chiefs hiren zweeten Album “Yours Truly, Angry Mob” erausbruecht. Do ass ënnert anerem de Song “Ruby” drop, deen di éischt Nummer-1-Single vun der Band sollt ginn.

An um 26. Februar am Joer 2011 ware Maroon 5 bei eis zu Lëtzebuerg an der Rockhal. Si hunn deemools hiren drëtten Album “Hands All Over” presentéiert, do si Lidder ewéi zum Beispill “Misery” drop. Um Ufank vum Februar 2011 ware Maroon 5 beim Super Bowl opgetrueden a konnten do leider net iwwerzeegen. Vum Concert an der Rockhal war de lëtzebuergesche Public awer begeeschtert.