Haut op engem 29. Februar...

Lauschtert eran!

Haut sinn et 56 Joer hier, datt d’Beatles et fir di alleréischte Kéier an Däitschland un d’Spëtzt vun de Single-Charts gepackt haten. Dat fir ganzer 8 Wochen mat hirem Titel “I Want To Hold Your Hand”. D’Lidd war am November vum Joer virdrun als fënneft Single vun de Beatles erauskomm.

Um 29. Februar 1988 huet de Robert Plant säi véierte Solo-Album “Now And Zen” erausbruecht. Do war ënnert anerem de Song “Ship of Fools” drop. De Robert Plant war en englesche Museker, virun allem bekannt als Lead-Sänger a Songwriter vun der Band Led Zeppelin. No der Opléisung vun der Band am Joer 1980 huet de Plant ugefaangen eleng Musek ze maachen.

Haut virun 28 Joer hate Mr. Big et mam Song “To Be With You” op di éischt Plaz an den amerikanesche Single-Charts gepackt, dat fir am Ganzen 3 Wochen. Mr. Big waren eng Hard-Rock-Band aus den USA, déi am Joer 1989 vum Billy Sheehan a vum Paul Gilbert zu Los Angeles gegrënnt gi war. Hir gréisst Erfolleger hate si an de Joren 1989 bis 97.

An um 29. Februar 2004 hat de Peter Andre et mat enger neier Versioun vu senger Single “Mysterious Girl” op d’Eent an de brittesche Single-Charts gepackt. D’Original-Versioun war schonn am Joer 1996 erauskomm. De Peter Andre war en australesche Singer/Songwriter, deen ënnert anerem bekannt ass, well hien 2004 an der australescher Editioun vum Dschungelcamp deelgeholl huet.