Haut op engem 1. Mäerz...

Lauschtert eran!

Haut viru genee 40 Joer hate Pink Floyd et mat hirem Titel “Another Brick In The Wall” op d’Plaz 1 an den éisträichesche Single-Charts gepackt, dat fir am Ganzen 8 Wochen. De Song war um Konzept-Album “The Wall” drop, deen am November 79 erauskomm war. “Another Brick In The Wall” gouf vum Roger Waters geschriwwen, deen am Lidd d’Ënnerdréckung vun de Schüler duerch d’Léierpersonal thematiséiert.

Um 1. Mäerz 1994 ass den Justin Bieber zu Ontario a Kanada op d’Welt komm, hie feiert also haut seng 26 Joer. Viru gutt zwou Wochen huet de Sänger säin neien Album “Changes” erausbruecht. Mat “Changes” ass de Bieber d’lescht Woch direkt op der Eent an di amerikanesch Billboard-Charts erageklommen. Et ass am Ganze scho säi siwente Longplayer mat deem hien et ganz uewen an d’Charts gepackt huet – domat ass hien dee jéngste Solo-Artist mat 7 Nummer-1-Alben. Bis elo hat dee Rekord den Elvis Presley.

Gebuertsdag feiert dann haut och d’Kesha, hatt kritt der 33. Bekannt ginn ass d’Sängerin am Summer 2010 mat sengem Hit “Tik Tok”. Enn Januar huet d’Kesha no 3 Joer Paus säin aktuellen Album “High Road” erausbruecht.

An 12 Joer sinn et dann haut hier, datt d’Stereophonics live zu Esch an der Kulturfabrik gespillt hunn. Stereophonics sinn eng walisesch Rock-Band, déi 2005 mam Song “Dakota” bekannt gi sinn.