Haut op engem 2. Mäerz...

Lauschtert eran!

Haut feiert den Jon Bon Jovi säi 58. Gebuertsdag. Zanter hirer Grënnung ufanks den 80er Joren hu Bon Jovi méi ewéi 130 Millioune Placke verkaaft. Dëst Joer am Mee soll deen neien a 14. Studio-Album vun der Band mam Titel “Bon Jovi: 2020” erauskommen.

Um 2. Mäerz 1977 ass de Chris Martin zu Exeter an England op d’Welt komm, hie feiert also haut säin 43. Gebuertsdag. Bekannt ginn ass de Martin als Front-Mann a Sänger vu Coldplay, déi zu enger vun deenen erfollegräichste Bands aus den 2000er Jore gehéieren. D’lescht Joer am November hu si hiren aktuellen Album “Everyday Life” erausbruecht.

11 Joer méi spéit, um 2. Mäerz am Joer 1988, ass den James Arthur gebuer ginn. De brittesche Museker kritt haut 32 Joer. De 7. Februar hätt hie sollen am Atelier optrieden, aus gesondheetleche Grënn huet de Concert awer leider missen ofgesot ginn.

13 Joer sinn et dann haut hier, datt die Fantastischen Vier hire Song “Ernten Was Wir Säen” erausbruecht hunn. D’Lidd war um siwente Fanta-Vier-Album “Fornika” drop.

An haut virun 8 Joer hunn LMFAO deen éischte vun hiren zwee Concerten hei zu Lëtzebuerg an der Rockhal gespillt. De Concert hätt u sech sollen am Atelier stattfannen, mee well den Stuerm op d’Ticketen esou grouss war, hunn d’Organisateuren entscheet den Optrëtt an d’Rockhal héich ze verleeën. Och di zousätzlech Ticketen waren innerhalb vun nëmmen 3 Stonnen ausverkaaft.