Haut op engem 3. Mäerz...

Lauschtert eran!

Haut feiert d’Camila Cabello säin 23. Gebuertsdag. Bekannt ginn ass d’Sängerin als Member vun der Girl-Group Fifth Harmony, déi 2012 duerch d’Casting-Show “The X Factor” an d’Lidder “Worth It” a “Work From Home” de groussen Duerchbroch gefeiert haten.
Am Januar 2018 huet d’Cabello du säin éischte Solo-Album mam Titel “Camila” erausbruecht, do ass ënnert anerem de Song “Havana” drop. D’lescht Joer am Dezember ass du säin zweeten Album “Romance” erauskomm, mat drop ënnert anerem de Summer-Hit 2019 “Señorita”.

Um 3. Mäerz 1995 hunn d’Foo Fighters hire Live-Debut ginn. Dat am Kader vun enger Benefiz-Veranstaltung am “The Satyricon”, engem Club zu Portland an Oregon. Am selwechte Joer sollt d’Band hiren Debut-Album mam einfachen Titel “Foo Fighters” erausbréngen. Bis haut hu si am Ganzen 9 Alben erausbruecht an 12 Grammys gewonnen.
Fir hire 25. Band-Jubiläum, dee si dëst Joer feieren, hunn d’Foo Fighters eng Tournée duerch déi Stied annoncéiert, an deenen si op hirer alleréischter Tournée opgetruede waren. Mat dobäi ass och ënnert anerem Berlin.

An haut virun 8 Joer hunn LMFAO deen zweete Concert hannerteneen hei zu Lëtzebuerg an der Rockhal gespillt. U sech hätten LMFAO just ee Concert sollte spillen, well de Stuerm op d’Ticketen awer esou grouss war, hunn d’Organisateuren entscheet en Zousaz-Concert deen Dag virdrun ze organiséieren. Och déi Ticketen waren innerhalb vun nëmmen e puer Stonnen ausverkaaft.