Haut op engem 4. Mäerz...

Lauschtert eran!

Haut sinn et genee 20 Joer hier, datt den Tom Jones et mam Titel “Sex Bomb” op d’Plaz 1 an eisem Eldoradio Chartbreaker gepackt hat, dat am Ganze fir 3 Wochen. D’Lidd war um Sänger sengem 33. Album “Reload” aus dem Joer 99 drop. Am Laf vu senger Karriär huet den Tom Jones iwwer 100 Millioune Placke verkaaft, krut 1 Grammy an 2 BRIT-Awards an dierf sech zanter 2005 “Sir” nennen.

Um 4. Mäerz 2013 hu Bastille hiren Debut-Album “Bad Blood” erausbruecht. Mat drop waren nieft dem Titel-Track och ënnert anerem d’Songs “Pompeii”, “Things We Lost In The Fire” a “Flaws”. Am Juni d’lescht Joer hunn di véier Londoner Museker hiren 3. Album mam Titel “Doom Days” erausbruecht.

Haut virun 2 Joer war de Marteria fir e Concert hei zu Lëtzebuerg am Atelier. Hien huet deemools säin 8. Album “Roswell” presentéiert, op deem ënnert anerem d’Lidder “Aliens”, “Große Brüder” an “Das Geld Muss Weg” drop sinn. Dem Marteria säi Concert am Atelier war komplett ausverkaaft an de lëtzebuergesche Public begeeschtert.

Um 4. Mäerz d’lescht Joer gouf de Sänger a Grënnungs-Member vun der englescher Band The Prodigy, de Keith Flint, dout a sengem Haus zu Essex opfonnt. De Museker sollt nëmmen 49 Joer al ginn. Bis haut ass nach ëmmer net ganz kloer wourun de Flint genee gestuerwen ass. Gewosst ass just, datt hien Kokain, Alkohol a Kodein am Blutt hat.