Haut op engem 5. Mäerz...

Lauschtert eran!

Haut feiert den MC Solaar Gebuertsdag, de franséische Rapper kritt 51 Joer. Et war ee vun deenen éischte Kënschtler, déi Hip-Hop a Frankräich populär gemaach hunn. Bekannt ginn ass hien duerch säi Lidd “Nouveau Western”, dat op sengem zweeten Album “Prose Combat” drop war. Virun 3 Joer ass dem MC Solaar säi bis elo leschten Album “Géopoétique” erauskomm, deen hien am Dezember 2018 och live hei zu Lëtzebuerg presentéiert hat.

Gebuertsdag feiert dann och den John Frusciante, de Gittarist vun de Red Hot Chili Peppers kritt haut 50 Joer. Nodeems de Frusciante schonn an den 90er Joren d’Band eng Kéier wéinst Droge-Problemer verlooss hat, huet hien 2008 d’Chilis eng zweete Kéier verlooss, fir sech op seng Solo-Projeten ze konzentréieren. D’lescht Joer am Dezember, bal genee 10 Joer no sengem zweeten Ausstig, hunn d’Red Hot Chili Peppers op hirem Instagram-Account bekannt ginn, datt den John Frusciante erëm Deel vun der Band wier. Aktuell schaffen RHCP un hirem 12. Studio-Album, deen nach dëst Joer erauskomme soll.

Um 5. Mäerz 1977 hate Manfred Mann’s Earth Band et mat hirem Titel “Blinded By The Light” op di éischt Plaz an den amerikanesche Single-Charts gepackt. D’Manfred Mann’s Earth Band war eng brittesch Rockband ronderëm de südafrikanesche Keyboarder Manfred Mann. Hir gréisst Erfolleger konnte si an de 70er Jore mat den Alben “The Roaring Silence” a “Watch” feieren.

A genee 30 Joer sinn et hier, datt d’Sinead O’Connor mat “Nothing compares 2 U” op der Plaz 1 an Däitschland stoung, dat fir am Ganzen 11 Wochen. “Nothing Compares 2 U” ass am Original e Song vun der amerikanescher Band The Family, deen de Prince geschriwwen a produzéiert hat. Eréischt d’Cover-Versioun sollt awer zum grousse kommerziellen Erfolleg ginn.