Haut op engem 6. Mäerz...

Lauschtert eran!

Haut feiert de Smudo Gebuertsdag, den däitsche Rapper vun de Fantastischen Vier ass de 6. Mäerz 1968 zu Offenbach op d’Welt komm, kritt also haut 52 Joer. Nieft senger Museker-Karriär huet de Smudo och nach eng Rei aner Tätegkeeten. Hien ass zum Beispill begeeschterte Pilot a Motor-Sportler, Synchron-Spriecher a Schauspiller.

Haut viru genee 50 Joer hunn d’Beatles hir Single “Let It Be” an England erausbruecht. D’Lidd war op de Beatles hirem 12. Studio-Album mam selwechten Titel drop.

Um 6. Mäerz 2004 hat d’Katie Melua et mat sengem Debut-Album “Call Off The Search” fir 3 Wochen op di éischt Plaz an de brittesch Album-Charts gepackt. Mat drop waren ënnert anerem d’Lidder “Blame It On The Moon”, “Tiger in the Night” an “The Closest Thing To Crazy”. D’Katie Melua staamt ursprénglech aus Georgien an ass als Duechter vun engem Häerzchirurg an enger Infirmière an der Haaptstad Tiflis opgewuess. Well säi Papp der Famill e bessere Liewens-Standard erméigleche wollt, huet hien Demanden u Klinicken op där ganzer Welt geschéckt bis hien 1993 eng Zouso vum Royal Victoria Hospital zu Belfast an Nordirland krut.

An haut virun 10 Joer stoung d’Lady Gaga mat sengem Debut-Album “The Fame” op der Plaz 1 an de UK-Album-Charts. Leschte Freiden huet d’Lady Gaga seng nei Single “Stupid Love” erausbruecht an huet och en neien Album fir den 10. Abrëll annoncéiert.