Haut op engem 7. Mäerz...

Lauschtert eran!

Genee 50 Joer sinn et dann haut hier, datt Led Zeppelin et mat hirem “Whole Lotta Love” fir am Ganze 7 Wochen op d’Eent an Däitschland gepackt haten. De Song ass um zweeten Album vun der Band mam Titel “Led Zeppelin ll” drop. Mat iwwer 300 Millioune verkaafte Placken gehéiere Led Zeppelin zu deenen erfollegräichste Bands iwwerhaapt. Mam Dout vum Batteur John Bonham am September 1980 ass d’Karriär vun der Band awer leider op en Enn gaangen.

Um 7. Mäerz 1993 haten 2Unlimited et mat hirem Hit “No Limit” op d’Plaz 1 an den éisträichesche Single-Charts gepackt, 3 Woche konnte si sech ganz uewen halen. 2Unlimited dat waren de Rapper Ray Slijngaard an d’Sängerin Anita Doth, en hollänneschen Eurodance-Duo dee virun allem an den 90er an den europäeschen Charts erfollegräich waren.

Haut virun 18 Joer ware Fettes Brot bei eis zu Lëtzebuerg am Atelier. Si hunn deemools hire 4. Album “Demotape” presentéiert, mat drop sinn ënnert anerem Lidder ewéi “The Grosser” oder “Schwule Mädchen”. D’lescht Joer am Mee hu Fettes Brot hiren aktuellen Album “Lovestory” erausbruecht.

Um 7. Mäerz 2010 stoung de Stromae mam Titel “Alors On Danse” fir am Ganzen 10 Wochen op der Plaz 1 a Frankräich. Et war dat Lidd mat deem hie säi groussen Duerchbroch feiere konnt. Och an Däitschland sollt de Stromae et un d’Spëtzt packen, deen éischten franséische Song op der Eent an den däitschen Charts zanter “Ella, elle l’a” vum France Gall. Am August 2013 huet de belsche Museker säi bis elo leschten Album “Racine Carrée” erausbruecht, mat drop sinn di zwee bekannt Lidder “Formidable” an “Papaoutai”.