Haut op engem 8. Mäerz...

Haut feiert de Front-Mann a Sänger vun der englescher Pop-Band Keane Gebuertsdag, den Tom Chaplin kritt 41 Joer. Direkt mat hirem Debut-Album “Hopes and Fears” a Lidder ewéi “Everybody’s Changing”, “Sunshine” oder “Somewhere Only We Know” konnte si hire groussen Duerchbroch feieren. Am Joer 2006 hat den Chaplin mat Droge-Problemer ze kämpfen a Keane hunn eng Kris duerchlieft un där si bal zerbrach wieren. Mam Release vun hirem 3. Album “Perfect Symmetry” war dunn awer erëm alles an der Rei. D’lescht Joer am September hu Keane hire mëttlerweil 5. Studio-Album mam Titel “Cause and Effect” erausbruecht.

Gebuertsdag huet dann haut och de Peter Gill, de Batteur vu Frankie Goes To Hollywood feiert seng 56.

27 Joer sinn et haut hier, datt Ace of Base mam Lidd “All That She Wants” fir am Ganzen 8 Wochen op der Plaz 1 an den däitsche Single-Charts stoungen. Ace of Base waren eng schwedesch Pop-Grupp, déi virun allem an den 90er Joren hir grouss Erfolleger feiere konnten. Och a villen anere Länner sollt d’Band et mat “All That She Wants” un d’Spëtzt vun den Charts packen, dorënner Australien, Dänemark an d’Schwäiz. Den däitsche Rapper Kontra K huet iwweregens e Sample vum Song fir säi Lidd “Alles was sie will” gebraucht.

An um 8. Mäerz 2003 stoung de 50 Cent mat sengem “In Da Club” op der Eent an den USA, dat fir ganzer 9 Wochen. De Song war um 50 Cent sengem éischten Album “Get Rich of Die Tryin’” drop.