Haut op engem 9. Mäerz...

Lauschtert eran!

Um 9. Mäerz 1981 stoung di Londoner New-Wave-Band Visage mat hirem bis haut gréissten Hit “Fade to Grey” op der Plaz 1 an Däitschland. Si konnte sech am Ganze 7 Wochen un der Spëtzt halen. D’Lidd war um Debut-Album vun der Band mam einfachen Titel “Visage” drop.

6 Joer méi spéit, um 9.03.1987, hu U2 hire 5. Album “The Joshua Tree” erausbruecht. Mat drop si Songs ewéi “I Still Haven’t Found What I’m Looking For” a “With or Without You”. Am Ganzen an 20 Länner hate U2 et mam Album ganz uewen an d’Charts gepackt.

Haut virun 29 Joer stoungen The Clash mat hirem Klassiker “Should I Stay Or Should I Go” fir 2 Wochen op der Eent a Groussbritannien. An dat 10 Joer nodeems d’Lidd eigentlech erauskomm war. Den Erfolleg vum Lidd haten The Clash enger Jeans-Mark ze verdanken, “Should I Stay Or Should I Go” war nämlech den Titel-Track vun enger “Levi’s”-Reklamm. De Song kënnt iwweregens och an der Netflix-Serie “Stranger Things” vir.

An 11 Joer sinn et dann haut hier, datt The Killers bei eis zu Lëtzebuerg am Atelier waren. Si hunn deemools hiren 3. Album “Day & Age” presentéiert, do sinn ënnert anerem “Spaceman” a “Human” drop. De lëtzebuerger Public war vun The Killers begeeschtert.