Haut op engem 10. Mäerz...

Lauschtert eran!

Haut feiert den amerikanesche Museker Robin Thicke säin 43. Gebuertsdag. Bekannt ginn ass hien am Joer 2013 mam Lidd “Blurred Lines” dat hien zesumme mam Pharrell Williams geschriwwen a produzéiert hat. De Song sollt et op d’Eent an Däitschland, der Schwäiz an a Groussbritannie packen.

Gebuertsdag feiert dann haut och d’Emeli Sandé, di schottesch Sängerin kritt 33 Joer. Säin éischte ganz groussen Hit hat hatt am Oktober 2011 mam Lidd “Read All About It” aus sengem Debut-Album “Our Version of Events”. D’lescht Joer am September huet d’Emeli Sandé säin aktuellen Album “Real Life” erausbruecht.

Op engem 10. Mäerz waren dann zwee grouss Concerten hei zu Lëtzebuerg:
 
2013 hu Sunrise Avenue live am Atelier gespillt, si waren op grousser Acoustic-Tour. Kuerz virdrun war hiren Hit “Hollywood Hills” erauskomm, dee fir 7 Wochen un der Spëtzt vun eisem Eldo Chartbreaker stoung.

5 Joer méi spéit, um 10.03.2018, ass d’Alice Merton bei eis zu Lëtzebuerg am Club vun der Rockhal opgetrueden. Do huet hatt ënnert anerem säin Hit “No Roots” presentéiert.D’lescht Joer huet di däitsch-kanadesch Sängerin säin Debut-Album mam Titel “Mint” erausbruecht.

41 Joer sinn et dann haut hier, datt d’Gloria Gaynor mat sengem Disco-Hit “I Will Survive” op der Plaz 1 an den US-Single-Charts stoung, d’Lidd sollt méi spéit och a Groussbritannien zur Nummer 1 ginn. 1980 sollt d’Gaynor fir säin “I Will Survive” e Grammy kréien. De Song war an der Schwulen- a Lesben-Zeen e Symbol fir de Kampf géint d’Homophobie.