Haut op engem 11. Mäerz...

Lauschtert eran!

Haut feiert den amerikanesche Kënschtler Bobby McFerrin säi ronne 70. Gebuertsdag. Bekannt ginn ass hien am Joer 1988 duerch säin Hit “Don’t Worry, Be Happy”. Den Titel vum Lidd berout op engem Zitat vum indesche Guru Meher Baba, deen ëmmer kritiséiert huet, datt d’Leit matenee jäizen an dofir di lescht 44 Joer vu sengem Liewen guer näischt méi gesot huet. De McFerrin hat eng immens artistesch Gesangs-Technik an huet mat senger Stëmm dacks verschidden Instrumenter imitéiert.

Den 11. Mäerz war e gudden Dag an der Karriär vum Madonna. Am Joer 2000 stoung hat mam Titel “American Pie” un der Spëtzt vun de Single-Charts a Groussbritannien. D’Lidd erzielt d’Geschicht vum Rock ‘n’ Roll vun 1959 bis 1969 a spillt un op verschidde Staren a Lidder aus deem Joerzéngt. Am Original war “American Pie” vum amerikanesche Singer/Songwriter Don McLean.

8 Joer méi spéit, um 11.03.2008, ass d’Madonna vum Justin Timberlake an d’Rock and Roll Hall of Fame opgeholl ginn. A senger Ried huet d’Sängerin all deene Merci gesot, déi him an den 80er Joren eng One-Hit-Wonder-Karriär virausgesot haten. D’Madonna gehéiert mat ronn 350 Millioune verkaafte Placken zu deenen erfollegräichste Kënschtlerinne vun allen Zäiten. Donieft huet hatt och nach 7 Grammys an 2 Golden Globes gewonnen.

3 Joer sinn et dann haut hier, datt de Luis Fonsi an den Daddy Yankee mat hirem Song “Despacito” fir 9 Wochen op der Plaz 1 vun eisem Eldoradio Chartbreaker stoungen. Et war de Summer-Hit vum Joer 2017. Mat iwwer 6,5 Milliarde Klicks ass de Musek-Video vun “Despacito” dee meescht-gekuckte Clip op YouTube.