Haut op engem 12. Mäerz...

Lauschtert eran!

Haut feiert di schwedesch Musekerin Neneh Cherry hire 56. Gebuertsdag. Bekannt ass si virun allem duerch hir Titelen “Buffalo Stance”, “I’ve Got You Under My Skin”, “Woman” oder “7 Seconds”. D’Neneh Cherry ass iwweregens d’Schwëster vum Eagle-Eye Cherry, dee mat “Save Tonight”, an d’Mamm vun der Pop-Sängerin Mabel, dat jo viru kuerzem seng nei Single “Boyfriend” erausbruecht huet.

Um 12. Mäerz 1984 hunn Depeche Mode hir Single “Poeple Are Poeple” erausbruecht. D’Lidd war um 4. Album vun der Band mam Titel “Some Great Reward” drop. Mat “People Are People” sollten Depeche Mode et an Däitschland 3 Wochen un d’Spëtzt vun den Charts packen. D’ARD hat d’Lidd 1984 als Titel-Musek fir d’Olympesch Summerspiller zu Los Angeles gebraucht.

Gebuertsdag feiert dann haut och de belsche Kënschtler Stromae. Hien ass den 12. Mäerz 1985 an der Gemeng Etterbeek zu Bréissel op d’Welt komm, kritt also haut 35 Joer. Bekannt ginn ass hien mat der Single “Alors On Danse”, duerno koumen nach Lidder ewéi “Formidable” oder “Papaoutai”. De Stromae leit zanter 2015 u Panikattacken a weess selwer nach net, ob hien nach eng Kéier professionell Musek maache kann.

32 Joer sinn et dann haut hier, datt de Rick Astley un der Spëtzt vun den amerikanesche Single-Charts stoung, dat mat sengem Titel “Never Gonna Give You Up”. Am Ganze fir 2 Woche konnt hien sech ganz uewen halen. De Rick Astley ass ee brittesche Sänger, dee virun allem Enn den 80er an ufanks den 90er Joren seng grouss Chart-Erfolleger feiere konnt.