Haut op engem 13. Mäerz...

Lauschtert eran!

38 Joer sinn et haut hier, datt d’Joan Jett & the Blockhearts mat “I Love Rock’n’Roll” un der Spëtzt vun den amerikanesche Single-Charts stoungen, dat am Ganze fir 6 Wochen. Am Original war d’Lidd aus dem Joer 1975, geschriwwe vum Alan Merrill an dem Jake Hooker an interpretéiert vun der Band Arrows. D’Joan Jett war eng amerikanesch Rock-Sängerin a -Gittaristin, déi 2015 mat hirer Band the Blackhearts an d’Rock and Roll Hall of Fame opgeholl ginn ass.

Um 13. Mäerz am Joer 1993 hat de Snow et mat sengem “Informer” fir 7 Wochen op d’Plaz 1 an den USA gepackt. Och an Däitschland sollt de kanadesche Museker et mam Lidd op d’Eent packen, et war di erfollegräichste Single vu senger Karriär. Dem Snow säi Song “Informer” ass d’Grondlag vum Daddy Yankee sengem 2019er-Hit “Con Calma”.

Haut viru genee 10 Joer hat di englesch Band Sade et mat hirem 6. Studio-Album “Soldier of Love” op d’Plaz 1 an den US-Album-Charts gepackt. Eng vun dräi Single-Auskopplungen war den Titel-Track. Sade war eng Londoner Band, déi sech am Joer 1982 gegrënnt huet. Benannt ass si no hirer Lead-Sängerin, dem Sade Adu. Am Laf vun hirer Karriär hu Sade bal 100 Millioune Placke verkaaft.

14 Joer sinn et dann hier, datt d’Sex Pistols géint hire Wëllen an d’Rock and Roll Hall of Fame opgeholl goufen. Natierlech hunn si d’Zeremonie boykottéiert. D’Band hat an engem handgeschriwwene Message ënnert anerem d’Entrées-Präisser kritiséiert, déi deemools bei 25.000 Pond fir en Dësch am Sall a 15.000 fir Plazen op der Galerie louchen.