Haut op engem 14. Mäerz...

Lauschtert eran!

Haut viru 37 Joer hunn den Jon Bon Jovi, de Richi Sambora an den Alec John Such Bon Jovi gegrënnt. Zanterhier huet d’Band ronn 150 Millioune Placke verkaaft, zu hire ganz groussen Hite zielen “You Give Love A Bad Name”, “It’s My Life” an “Livin’ on a prayer”. Den Alec John Such huet d’Band am Joer 1994 verlooss an och de Richie Sambora ass keen Deel méi vu Bon Jovi, dat wéinst Alkohol- an Droge-Problemer. Dëst Joer soll en neien Album mam Titel “Bon Jovi: 2020” erauskommen, op deem ënnert anerem politesch Theme behandelt solle ginn.

Um 14. Mäerz 1987 stoung de Culture-Club-Sänger Boy George mat sengem Solo-Track “Everything I Own” fir 2 Wochen op der Plaz 1 an de brittesche Single-Charts.

Parallel an den USA stoung di amerikanesch Band Club Nouveau op der Eent, dat mat hirer Single “Lean On Me”. D’Lidd war u sech eng Cover-Versioun vum Bill-Withers-Klassiker aus dem Joer 72. Fir hir Versioun vu “Lean On Me” krute Club Nouveau 1988 e Grammy-Award.

Um 14. Mäerz 1998 stoung de Will Smith mat “Gettin’ Jiggy With It” fir 3 Wochen ganz uewen an den amerikanesche Single-Charts. Den Titel war um Smith sengem drëtten Album “Big Willie Style” drop. An och de Will Smith huet a senger Karriär schonn e Grammy gewonnen, an zwar am Ganze véier Stéck.

Haut viru 6 Joer hu OneRepublic an der Rockhal gespillt. Et war deemools schonn dee 4. Optrëtt hei bei eis zu Lëtzebuerg, d’Band haten hiren Album "Native" virgestallt. Mat do drop sinn Tracks ewéi “If I Lose Myself” a “Counting Stars”. De lëtzebuerger Public war vum OneRepublic-Concert begeeschtert.