Haut op engem 15. Mäerz...

Lauschtert eran!

Haut feiert den amerikanesche Rapper, Sänger a Produzent Will.i.am Gebuertsdag. De William Adams, ewéi hie mat biergerlechem Numm heescht, ass de 15. Mäerz 1975 zu Los Angeles a Kalifornien op d’Welt komm, kritt also haut 45 Joer. Bekannt ass hie virun allem als Member vun de Black Eyed Peas. Am Laf vun hirer Karriär konnt d’Band 6 Grammys gewannen.

Um 15. Mäerz 1986 stoung de Prince mat sengem Mega-Hit “Kiss” op der Eent an den USA. D’Lidd war um Kënschtler sengem 8. Studio-Album mam Titel “Parade” drop.

Deemools op der Plaz 2 stoungen d’Bangles mam Lidd “Manic Monday”, e Lidd dat ironescherweis och vum Prince geschriwwe gouf, ënnert dem Pseudonym Christopher. “Manic Monday” handelt vun enger Fra déi Méindeger haasst. D’Bangles waren eng amerikanesch Pop-Band, déi och virun allem an den 80er Jore grouss Erfolleger feiere konnten.

21 Joer sinn et dann haut hier, datt d’Fine Young Cannibals fir 8 Wochen op der Plaz 1 an Éisträich stoungen, dat mat hirem Song “She Drives Me Crazy”. D’Fine Young Cannibals waren eng brittesch Band, déi 1984 zu Birmingham gegrënnt ginn ass. Hir erfollegräichsten Zäit hate si an där zweeter Hallschent vun den 80er Joren.

An haut ass de Mike Porcaro 5 Joer dout. De mëttelste vun de Porcaro-Bridder a Bassist vun der Rock-Band Toto ass de 15. Mäerz 2015 am Alter vun 59 Joer a sengem Haus zu Los Angeles gestuerwen. Zesumme mat Toto huet de Mike Porcaro 21 Alben erausbruecht, 6 Grammys gewonnen an ass 2009 an d’Musicians Hall of Fame opgeholl ginn.