Haut op engem 16. Mäerz...

Lauschtert eran!

Haut feiert den däitschen MC a Front-Mann vun der Elektro-Grupp Scooter Gebuertsdag, den H.P. Baxxter kritt 56 Joer. Mat legendäre Songs ewéi zum Beispill “How Much Is The Fish” hu si Fans op där ganzer Welt begeeschtert. Zanter hirer Grënnung am Joer 1993 hu Scooter an iwwer 50 Länner am Ganzen 30 Millioune Placke verkaaft. D’Band huet esouguer e puer Musek-Präisser gewonnen, dorënner 2 Echoen. Haut léisst den H.P. Baxxter et awer e bësse méi roueg ugoen.

Um 16. Mäerz 2013 stoung de Bruno Mars mat sengem 2. Studio-Album “Unorthodox Jukebox” un der Spëtzt vun den amerikaneschen Album-Charts. Mat do drop sinn ënnert anerem d’Lidder “When I Was Your Man”, “Locked Out Of Heaven” an “Treasure”. Och a villen anere Länner hat de Sänger et mat sengem Album ganz uewen an d’Charts gepackt, dorënner Australien, Kanada, Groussbritannien an d’Schwäiz. “Unorthodox Jukebox” sollt weltwäit dee véiert-meescht-verkaaften Album vum Joer ginn, fir deen de Bruno Mars och e Grammy fir “Best Pop Vocal Album” krut.

Haut virun 2 Joer waren dann zwee gréisser Concerten hei zu Lëtzebuerg. Ugefaangen an der Rockhal, do hunn de Läb de 16. Mäerz 2018 hiren 10. Gebuertsdag gefeiert. D‘lëtzebuerger Rapper sinn deemools Ënnert dem Numm „The Läb Orchestra“ opgetrueden a stounge bal zu 20 Museker op der Bün.

Parallel huet de franséischen DJ Feder op der Atelier Club Night e Set gespillt. Den Hadrien Federiconi, ewéi de Feder mat biergerlechem Numm heescht, ass ënnert anerem bekannt duerch seng Lidder “Blind” a “Goodbye”.