Haut op engem 17. Mäerz...

Lauschtert eran!

Haut feiert den Hozier säi ronnen 30. Gebuertsdag. No senge musikaleschen Ufäng an enger Band an an engem klassesche Chouer huet den iresche Museker 2012 eng Solo-Karriär gestart. Ee Joer méi spéit ass hie mat senger Debut-Single “Take Me To Church” bekannt ginn. D’lescht Joer am Mäerz huet den Hozier säin aktuellen Album mam Titel “Wasteland, Baby!” erausbruecht.

Genee ewéi den Hozier feiert dann haut och de Johannes Strate seng 30 Joer. De Sänger a Front-Mann vu Revolverheld ass um 17. Mäerz 1980 zu Bremen op d’Welt komm. D’lescht Joer am September ware Revolverheld mat hirem aktuellen Album “Zimmer mit Blick” live bei eis zu Lëtzebuerg an der Luxexpo.

19 Joer sinn et dann haut hier, datt Westlife mat hirer eegener Versioun vun “Uptown Girl” un der Spëtzt vun de brittesche Single-Charts stoungen. D’Lidd war um 3. Studio-Album vun der Band mam Titel “World of Our Own” drop. Am Original war “Uptown Girl” en Titel aus dem Joer 1983, geschriwwe vum Billy Joel. Westlife sinn eng iresch Boy-Band, déi sech am Summer 1998 forméiert hunn. No 6 Joer Paus hu si sech am Oktober 2018 erëm zesummegedoen a viru kuerzem hiren aktuellen Album “Spectrum” erausbruecht.

Um 17. Mäerz 2007 haten d’Kaiser Chiefs et mat hirem, bis haut warscheinlech gréissten, Hit “Ruby” fir 2 Wochen op d’Eent an eisem Eldoradio Chartbreaker gepackt. Och a Groussbritannien haten d’Kaiser Chiefs et 3 Woche virdrun ganz uewen an d’Charts gepackt, et war hiren alleréischten Nummer-1-Hit.