Haut op engem 18. Mäerz...

Lauschtert eran!

Haut huet den Adam Levine Gebuertsdag. Den amerikanesche Museker a Front-Mann vu Maroon 5 kritt 41 Joer. D’Band konnt 2002 mat Lidder ewéi „This Love“ oder „She Will Be Loved“, déi op hirem Debut-Album drop waren, international Bekanntheet erreechen. Bis haut hu Maroon 5 am Ganze 6 Alben erausbruecht an 3 Grammys gewonnen. Nom Release vun där aktueller Single „Memories“ hunn d’Museker och annoncéiert, datt si aktuell un engem neien Album schaffen.

Gebuertsdag feiert dann och d’Sängerin Lykke Li. Si ass um 18. Mäerz 1986 zu Ystad a Schweden op d’Welt komm, kritt haut also 34 Joer. Hire groussen Duerchbroch konnt si am Joer 2012 mat enger Remix-Versioun vun hirem Lidd „I Follow Rivers“ feieren. Et sollt de Summer-Hit vun deem Joer ginn.

Op engem 18. Mäerz sinn dann och nach zwou interessant Singelen erauskomm:

4 Joer sinn et hier, datt AnnenMayKantereit „Barfuß am Klavier“ erausbruecht hunn. D’Lidd war di zweet Single-Auskopplung aus deem 2. Album „Alles nix Konkretes“.

37 Joer virun AnnenMayKantereit, um 18. Mäerz 1979, hu Sister Sledge hire Klassiker „We Are Family“ erausbruecht. Sister Sledge waren en amerikanesche Soul- a Funk-Duo vu Philadelphia a Pennsylvania, dee virun allem Enn de 70er an ufanks den 80er Joren grouss Erfolleger feiere konnt.

An haut viru genee 20 Joer stoungen Destiny’s Child mat hirem Titel „Say My Name“ op der Plaz 1 an den US-Single-Charts, dat am Ganze fir 3 Wochen. „Say My Name“ ass um zweeten Destiny’s-Child-Album „The Writing’s on the Wall“ drop. Um Lidd matgeschriwwen haten deemools ënnert anerem d’Kelly Rowland an d’Beyoncé.