Haut op engem 19. Mäerz...

Lauschtert eran!

An den amerikaneschen Charts gouf et op engem 19. Mäerz zwee Mol dee selwechte Phenomeen:

Fänke mir un am Joer 2005, do stoung de 50 Cent mat sengem 2. Studio-Album „The Massacre“ op der Plaz 1 an den US-Album-Charts. Parallel hat hien et mam Titel „Candy Shop“ och un d’Spëtzt vun de Single-Charts gepackt, et war di zweet Single-Auskopplung vun deem Album. De 50 Cent, dee mat biergerlechem Numm Curtis James Jackson lll heescht, ass am New Yorker Quartier Queens a relativ aarme Verhältnesser opgewuess. Entdeckt gouf hie vum Jam Master Jay, engem vun deenen dräi Membere vun der amerikanescher Hip-Hop-Band Run DMC, deen 2002 erschoss gouf.

Duebel-Spëtzt an Amerika huet et dann den 19. Mäerz 2017 och fir den Ed Sheeran geheescht. Plaz 1 an den Album-Charts mat sengem 3. Longplayer „Divide“ a Plaz 1 an de Single-Charts mat där éischter Single-Auskopplung aus deem Album, „Shape of You“. D’Lidd war ursprénglech fir d’Rihanna geschriwwe ginn, duerno hunn d’Songwriter awer decidéiert dem Ed Sheeran d’Lidd ze iwwerloossen. Chance, well „Shape of You“ ass bis haut dem Sänger säin erfollegräichste Song, etlech Nummer-1-Platcéierungen an 1 Grammy sinn erausgesprongen.

2 Joer sinn et dann haut hier, datt den US-Rapper Drake op der Eent an den US-Single-Charts stoung, dat mat sengem „God’s Plan“. Et war d’Lead-Single vu sengem 5 Studio-Album „Scorpion“ mat där hie sech fir 11 Wochen un der Spëtzt hale konnt. Mat „God’s Plan“ huet den Drake de First-Day-Streaming-Rekord op Spotify an Apple Music gebrach a sollt op deenen zwou Plattformen och zum meescht-gestreamte Song vum Joer 2018 ginn. D’Lidd, fir dat de Rapper och e Grammy gewanne konnt, war eréischt no 26 Wochen aus den Top 10 gefall.