Haut op engem 20. Mäerz...

Lauschtert eran!

Haut viru 55 Joer huet Lëtzebuerg de Eurovision Song Contest gewonnen. Dat an der Persoun vum France Gall, dat 1965 zu Neapel den Titel „Poupée de cire, poupée de son“ – geschriwwe vum Serge Gainsbourg – virgedroen hat. Och wann d’Sängerin wärend dem Optrëtt net ëmmer esou ganz richteg gesongen hat, huet d’Jury di deemools eréischt 17-järeg Kënschtlerin zur Gewënnerin gekréint. No hirem Erfolleg koume fir d’France Gall e puer Joer an deenen hatt op däitsch gesongen huet. 1988 huet d’Sängerin dunn den Titel „Ella, elle l’a“ erausbruecht, dee gréissten Erfolleg vun der Karriär.

Haut hätt dann den Chester Bennington säi 44. Gebuertsdag gefeiert. De Sänger a Front-Mann vu Linkin Park sollt awer nëmmen 41 Joer al ginn, hien huet sech um 20. Juli 2017 a senger Villa an der Géigend vu Los Angeles d’Liewe geholl. Mat iwwer 130 Millioune verkaaften Alben a Singelen an 2 Grammy Awards si Linkin Park eng vun deenen erfollegräichste Gruppen aus dem 21. Joerhonnert. Wéi an ob et mat der Band weidergeet, ass bis haut nach ëmmer net gewosst.

Haut viru genee 20 Joer stoung de Santana mam Titel „Maria, Maria“ op der Eent an den däitsche Single-Charts, dat am Ganze fir 4 Wochen. „Maria, Maria“ ass um Santana sengem 19. Studio-Album „Supernatural“ drop, fir deen de Kënschtler ganzer 8 Grammys gewanne konnt.

An um 20. Mäerz 2014 war de Rea Garvey op Besuch bei eis zu Lëtzebuerg. Den iresche Sänger hat deemools säin zweeten Album „Pride“ am Club vun der Rockhal presentéiert, obwuel deen nach guer net dobausse war. De Concert hei am Grand-Duché war gläichzäiteg den Optakt vun der Tour.