Haut op engem 21. Mäerz...

Lauschtert eran!

Haut feiert de brittesche Museker Roger Hodgson säi ronnen 80. Gebuertsdag. Bekannt ginn ass hien als Grënnungs-Member, Gittarist a Sänger vu Supertramp. Den Hodgson huet vill bekannt Lidder vun der Band selwer geschriwwen, dorënner och „Give A Little Bit“. 1983 huet de Roy Hodgson Supertramp verlooss, fir eng Solo-Karriär ze starten. „Give A Little Bit“ hat 2017 e klenge Revival erlieft, well d’Lidd fir eng Amazon Chrëschtdags-Reklamm benotzt gi war.

Haut virun 21 Joer hu Fanta Vier hir Single „Mit freundlichen Grüßen“ erausbruecht. „MfG“ war d’Lead-Single aus hirem 5. Studio-Album mam Titel „4:99“.

An à propos 99, um 21. Mäerz 1999 hat d’Britney Spears et mat sengem „…Baby, One More Time“ fir am Ganzen 8 Wochen op d’Plaz 1 an Eisträich gepackt. Den Titel war um Britney sengem Debut-Album mam selwechten Numm drop. „…Baby One More Time“ gouf vum bekannte schwedesche Songwriter Max Martin geschriwwen.

An 13 Joer sinn et haut hier, datt di däitsch Rock-Band Reamonn mat hirem Front-Mann Rea Garvey fir e Concert bei eis zu Lëtzebuerg am Atelier waren. Di fënnef Museker vu Stockach aus Baden-Württemberg hunn 2007 an der Hollerecher Strooss hire 4. Album „Wish“ presentéiert. Bekannt gi ware Reamonn am Joer 2000 mat der Single „Supergirl“. 2010 huet de Garvey d’Band verlooss fir sech op seng Solo-Karriär ze konzentréieren.