Haut op engem 22. Mäerz...

Lauschtert eran!

Um 22. Mäerz 1978 huet d’Karriär vun der englescher Band The Police esou richteg Faart opgeholl. Deen Dag hu si nämlech hiren éischte grousse Placke-Kontrakt bei „A&M Records“ ënnerschriwwen. Fir dat ze feieren haten di dräi Museker och direkt eng nei Single erausbruecht, ee vun hire ganz grousse Klassiker, „Roxanne“.
D’Lidd sollt ufanks keen Erfolleg hunn, eréischt ewéi de Song am Joer drop nei verëffentlecht gi war, ass et en Hit ginn. Och haut ass „Roxanne“ ëmmer nach feste Bestanddeel vum Sting senge Solo-Optrëtter. An der Zäit bei der Placke-Firma „A&M Records“ konnten The Police am Ganze 15 Titelen an den Top-40 vun de UK-Single-Charts placéieren, dorënner och den Nummer-1-Hit „Every Breath You Take“. 1986 huet d’Formatioun sech wéinst Onstëmmegkeeten opgeléist, fir hiren 30. Anniversaire hu si 2007 hire Comeback annoncéiert an eng grouss Welt-Tournée gespillt. Am August 2008 hunn The Police dunn awer matgedeelt, datt si sech endgülteg an am Gudden trenne géifen.

Genee 40 Joer sinn et dann haut hier, datt Pink Floyd mam zweeten Deel vun hirem Titel „Another Brick in the Wall“ un der Spëtzt vun den US-Single-Charts stoungen, dat am Ganze fir 4 Wochen. D’Trilogie war um Konzept-Album „The Wall“ drop.„Another Brick in the Wall (Part 2)“ ass deen eenzegen Nummer-1-Hit fir Pink Floyd an den USA. Och a villen anere Länner hate si et domat awer ganz uewen an d’Charts gepackt, dorënner Däitschland, Australien oder Italien. D’Lidd war och fir e Grammy nominéiert, huet awer géint dem Bob Seger säin „Against The Wind“ verluer.

Haut viru 4 Joer huet den Dave Grohl bewisen, datt hien e gutt Häerz huet. Hien huet nämlech der Heavy-Metal-Band The Black Leaves of Envy vu Cornwall an England gehollef, well déi wéinst dem Kaméidi verbuede kruten, an hirer Garage ze prouwen. De Grohl huet en oppene Bréif un d’Stad-Verwaltung geschéckt a gefuerdert, datt déi hir Mesuren iwwerdenke sollen. Fir Museker, déi kee professionelle Prouf-Raum zur Verfügung hätten, wier d’Garage oder de Keller di eenzeg Méiglechkeet déi si hätten. Dem Dave Grohl säi Bréif hat Erfolleg, d’Band huet mat der Stad e Kompromëss fonnt.