Haut op engem 23. Mäerz...

Lauschtert eran!

Haut feiert e ganz interessante Museker Gebuertsdag, den Damon Albarn kritt 52 Joer. Engersäits war hien de Sänger a Front-Mann vun der brittescher Rock-Band Blur, déi an den 90er Joren zu de wichtegste Vertrieder vum Brit-Pop gezielt huet. Donieft huet den Albarn och nach e Musek-Projet mam Titel „The Good, the Bad & the Queen“ an hien huet 2001 zesumme mat sengem fréiere Matbewunner a Comic-Zeechner Jamie Hewlett d’Band Gorillaz gegrënnt. Am Juni 2018 ass dee bis elo leschten Album vun de Gorillaz mam Titel „The Now Now“ erauskomm.

Um 23. Mäerz 1991 stoungen R.E.M. mat hirem 7. Studio-Album „Out of Time“ un der Spëtzte vun de UK-Album-Charts. Um Longplayer, fir deen di véier Museker vun Athens am US-Bundesstaat Georgia 3 Grammys gewanne konnten, sinn ënnert anerem mat drop d’Lidder „Shiny Happy People“ a „Losing My Religion“. „Out of Time“ huet sech weltwäit iwwer 10 Millioune Mol verkaaft a war domat dee kommerziellen Duerchbroch fir R.E.M., déi zu enger vun deenen erfollegräichste Band am Alternative-Rock-Genre zielen.

7 Joer sinn et dann haut hier, datt Bastille et mam Titel „Pompeii“ fir 2 Wochen op d’Eent vun eisem Eldoradio Chartbreaker gepackt haten. De Song war di véiert Single-Auskopplung vun der Band hirem Debut-Album „Bad Blood“. Den Numm vun der Band kënnt iwweregens vum sougenannte „Bastille Day“, esou gëtt de franséischen Nationalfeierdag an englesch-sproochege Länner genannt. Well de Front-Mann a Sänger Dan Smith um 14 juillet Gebuertsdag huet, huet hien d’Band kuerzerhand Bastille genannt.