Haut op engem 24. Mäerz...

Lauschtert eran!

Haut viru genee 35 Joer stoungen de Philip Bayley an de Phil Collins mat hirem Titel “Easy Lover” op der éischter Plaz an de UK-Single-Charts. De Philip Bayley, deen ee vun de féierende Käpp vun Earth, Wind & Fire ass, hat 1982 decidéiert, nieft der Band och eng Solo-Karriär ze starten. “Easy Lover” mam Phil Collins war um Bayley sengem 2. Album “Chinese Wall” drop a sollt och fir e Grammy nominéiert ginn. A Groussbritannien konnt den Titel sech fir 4 Wochen un der Spëtzt halen.

Um 24. Mäerz 2013 hate Caligola et mam Song “Forgive Forget” op d’Plaz 1 an eisem Eldoradio Chartbreaker gepackt, dat am Ganze fir 5 Wochen. Caligola ass e weltwäit Netzwierk vu Kënschtler, dat an de 70er Joren an Nord-Italie gegrënnt gi war a vu Stockholm aus agéiert huet. 2008 sinn de Björn Dixgård an de Gustaf Norén, zwee Museker vu Mando Diao, op de Kollektiv opmierksam ginn an hu sech Caligola ugeschloss. Am Februar 2012 hu si den Titel “Forgive Forget” erausbruecht, bis haut hire gréissten Hit.

An haut ass de Roger Cicero 4 Joer dout. Den däitsche Pop- an Jazz-Museker ass de 24. Mäerz 2016 zu Hamburg, am Alter vun nëmme 45 Joer, un de Suitte vun engem Hiereschlag gestuerwen. De Roger Cicero gehéiert zu deenen aflossräichsten däitsche Museker. Am Laf vu senger Karriär huet hien 8 Alben erausbruecht an etlech Präisser gewonnen.