Haut op engem 25. Mäerz...

Lauschtert eran!

Haut hätt d’“Queen of Soul“ hiren 78. Gebuertsdag gefeiert. Am Laf vun hirer Karriär huet d’Aretha Franklin ganzer 18 Grammys gewonnen a ronn 80 Millioune Placke verkaaft. 1987 war si als éischt weiblech Musekerin an d’Rock and Roll Hall of Fame opgeholl ginn. Hire leschten Optrëtt hat d’Sängerin am November 2017, bei enger Gala déi vum Elton John organiséiert gi war. Am August virun 2 Joer huet d’Aretha Franklin eis fir ëmmer verlooss.

A genee deen Elton John kritt haut 73 Joer. 1970 konnt hie mam Self-Titeled-Album „Elton John“ an der doraus ausgekoppelter Single „Your Song“ säi groussen Duerchbroch feieren. Mat iwwer 300 Millioune verkaaften Alben a Singelen gehéiert den Elton John zu deenen erfollegräichsten Interpreten iwwerhaapt. Dobäi kommen nach 5 Grammys an 2 Oscaren. Viru kuerzem gouf dem Museker seng Biographie verfilmt, „Rocketman“ ass d’lescht Joer am Mee bei eis an d’Kinoe komm a krut generell éischter positiv Kriticken. Den Elton John gouf vum brittesche Schauspiller Taron Egerton gespillt.

Um 25. Mäerz 1972 hat d’Folk-Rock-Band America et direkt mat hirer Debut-Single „A Horse with No Name“ op d’Plaz 1 an den amerikaneschen Charts gepackt. Si konnte sech am Ganzen 3 Wochen un der Spëtzt halen. D’Band America gouf 1970 vum Dewey Bunnel, Dan Peek a Gerry Beckley zu London gegrënnt. Deenen dräi Museker hir Pappen hu bei der US Air Force geschafft a waren zu där Zäit an England stationéiert.

2010 konnt den amerikanesche Kënschtler Aloe Blacc – deem seng Karriär u sech schonn 1995 ugefaangen hat – mam Titel „I Need A Dollar“ säi groussen Duerchbroch feieren. Ee Joer duerno, de 25. Mäerz 2011, war hie fir e Concert hei zu Lëtzebuerg am Atelier. Den Aloe Blacc hat deemools säin Debut-Album „Good Things“ presentéiert.