Haut op engem 26. Mäerz...

Lauschtert eran!

Haut virun 32 Joer stoung de „King of Pop“, de Michael Jackson, mat sengem „Man in the Mirror“ fir 2 Wochen op der Eent an den amerikanesche Single-Charts. D’Lidd war di véiert Single-Auskopplung aus dem Album „Bad“ an am Ganzen deen 10. Nummer-1-Hit fir den Jacko an den USA. Nodeems hie mam Virgänger-Album „Thriller“ zum Mega-Star avancéiert war, konnt de Michael Jackson och mat „Bad“ grouss Erfolleger feieren. De Longplayer sollt sech ronn 50 Millioune Mol verkafen an et an iwwer 20 Länner ganz uewen an d’Charts packen. Et war iwweregens dee leschten Album, deen de Sänger mam Quincy Jones produzéiert huet.

2 Joer méi spéit, um 26. Mäerz 1990, huet de Gary Moore säin 10. Studio-Album „Still Got The Blues“ erausbruecht. No engem Ausfluch an den Hard-Rock-Genre um Album virdrun mam Titel „After the War“, huet den iresche Gittarist sech op „Still Got The Blues“ erëm senger Spezialitéit zougewant. Bekannt ass virun allem den Titel-Track. De 6. Februar 2011 huet de Gary Moore eis fir ëmmer verlooss. Am Alter vun nëmmen 58 Joer war hien dout an engem Hotels-Zëmmer am spueneschen Estepona opfonnt ginn. De Museker war am Schlof un engem Häerzinfarkt gestuerwen.

Genee 10 Joer sinn et dann haut hier, datt d’Lena Meyer-Landrut mam Lidd „Satellite“ un der Spëtzt vun den däitsche Single-Charts stoung. Mat deem Titel hat d’Sängerin zwou Woche virdrun d’TV-Show „Unser Star für Oslo“ gewonnen, an där ermëttelt gouf wien Däitschland beim Eurovision Song-Contest 2010 an Norwege vertriede géif. Gutt zwee Méint méi spéit konnt d’Lena mat „Satellite“ den ESC esouguer gewannen. D’Lidd war iwweregens vum Julie Frost a vum John Gordon geschriwwe ginn, engem amerikanesch-dänesche Produzenten-Team, fir déi et net di éischt Victoire beim Eurovision Song-Contest war. 1982 haten di zwee scho mam Titel „Ein bißchen Frieden“ – deemools interpretéiert vum Ralph Siegel – gewonnen.