Haut op engem 1. Abrëll...

Lauschtert eran!

Haut hätt eng vu menge Liblings-Animatricen hiren 58. Gebuertsdag gefeiert. D’Stefanie Tücking hat am Januar 86 d’ARD-Musek-Fernseeserie „Formel Eins“ iwwerholl an huet duerno ugefaangen och Radiosemissiounen ze moderéieren. Zanter 1998 war hatt feste Bestanddeel vum SWR3-Programm an huet virun allem de „Club“ an de „Popshop“ gemaach. An der Nuecht op den 1. Dezember 2018 ass d’Stefanie Tücking am Alter vun nëmme 56 Joer un enger Longen-Embolie gestuerwen.

Op engem 1. Abrëll gëtt jo traditionell emol gären e klengen Abrëllsgeck gemaach. A genee esou een hate sech viru genee 50 Joer och den John Lennon a seng Fra Yoko Ono ausgeduecht. Si haten der Press an engem Interview nämlech verzielt, datt si allen zwee géifen eng Operatioun maachen fir hir Geschlechter ëmzewandelen.

35 Joer sinn et hier, datt Modern Talking mam Song „You’re My Heart, You’re My Soul“ op der Plaz 1 an Eisträich stoungen, dat am Ganze fir 4 Wochen. Dee selwechten Dag hunn den Thomas Anders an den Dieter Bohlen hiren Debut-Album mam Titel „The 1st Album“ erausbruecht. Bis zu hirer Opléisung am Joer 2003 hu Modern Talking 12 Alben erausbruecht, etlech Präisser gewonnen a ronn 120 Millioune Placke verkaaft.

Um 1. Abrëll 2000 hat d’Melanie C et mat sengem Lidd „Never Be The Same Again“ un d’Spëtzt vun de brittesche Single-Charts gepackt. D’Sängerin war an den 90er Joren mat de Spice Girls bekannt ginn, huet awer 1999 decidéiert och eng Solo-Karriär ze starten. No e puer Joer Paus huet d’Melanie C virun annerhallwer Woch eng ganz nei Single mam Titel  "Who I Am“ erausbruecht a wie weess, vläicht kënnt dëst Joer jo och nach en neien Album.