Haut op engem 2. Abrëll...

Lauschtert eran!

Haut wier de Serge Gainsbourg 92 Joer al ginn. De franséische Chansonnier, Schauspiller a Schrëftsteller – dee virun allem duerch vill Skandaler op sech opmierksam gemaach hat – ass den 2. Mäerz 1991 un engem Häerzinfarkt gestuerwen.

Gebuertsdag hätt dann haut och den amerikanesche Soul- an R&B-Sänger Marvin Gaye gefeiert, hien hätt der 81 kritt. Een Dag viru sengem 45. Gebuertsdag huet säin eegene Papp hie wärend engem Sträit erschoss.

75 Joer kritt dann haut de „König von Mallorca“, deen däitsche Schlager-Sänger Jürgen Drews.

De Sunrise-Avenue-Front-Mann Samu Haber feiert säi 44. Gebuertsdag.

Um 2. Abrëll 1998 ass de Rob Pilatus an engem Hotels-Zëmmer zu Frankfurt am Main dout opfonnt ginn. De Pilatus war eng Hallschent vum Pop-Duo Milli Vanilli, mat deem hien 89 e Grammy gewonnen hat a ronn 50 Millioune Placke verkafe konnt. De groussen Erfolleg vu Milli Vanilli huet awer an engem grousse Skandal geendegt, Enn den 90er war nämlech bekannt ginn, datt di zwee Museker keent vun hire Lidder selwer gesongen haten. Si haten et just Playback ofgespillt a synchron d’Lëpse beweegt. Doropshin krute Milli Vanilli hire Grammy och erëm oferkannt.

An haut viru 14 Joer stounge Gnarls Barkley mat hirem gréissten Hit „Crazy“ un der Spëtzt vun de UK-Single-Charts, dat fir am Ganzen 9 Wochen. Gnarls Barkley war en amerikanesche Musek-Projet vum Hip-Hop-Produzent Danger Mouse an dem Sänger Cee-Lo-Green, dee si 2005 am Bundesstaat Georgia gegrënnt hunn.