Haut op engem 3. Abrëll...

Lauschtert eran!

Haut feiert d’Leona Lewis säi 35. Gebuertsdag. Bekannt ginn ass d’Sängerin am Joer 2006, ewéi hatt di brittesch Casting-Show „The X Factor“ gewanne konnt. Ee Joer duerno ass dem Lewis mat sengem Debut-Album „Spirit“, op deem ënnert anerem den Titel „Bleeding Love“ drop ass, och deen internationalen Duerchbroch gelongen – den Album hat et am Ganzen an 9 Länner op d’Eent an den Charts gepackt. An de Joren duerno konnt d’Leona Lewis awer leider net méi un dee groussen Erfolleg uknäppen. Am September 2011 ass mam Album „I Am“ dee bis elo leschte Release vun der Kënschtlerin erauskomm.

Genee 10 Joer sinn et dann hier, datt eng vun deene bekanntsten an erfollegräichste lëtzebuerger Bands op der Plaz 1 an eisem Eldoradio Chartbreaker stoung: Eternal Tango mat „The Golden City“, deen Titel mat deem et si och an eng MTV-Playlist gepackt haten. Am Ganze konnte si sech fir 4 Woche ganz uewen halen. No 10 gemeinsame Joren, wärend den Aarbechten un hirem 3. Studio-Album, hunn di fënnef Diddelenger Museker hir Trennung annoncéiert. Et koum zu Differenzen beim kënschtleresche Wee, deen d’Band an Zukunft aschloe wollt.

Haut virun 10 Joer stoung dann di amerikanesch Country-Band Lady Antebellum un der Spëtzt vun de UK-Album-Charts. Dat mat hirem zweeten Album „Need You Now“, vun deem ee virun allem den Titel-Track kennen dierft. Eleng fir deen Album sollte Lady Antebellum am Ganze 5 Grammy Awards gewannen. D’lescht Joer am November huet d’Band vun Nashville am Bundesstaat Tennessee hiren aktuellen Album „Ocean“ erausbruecht.