Haut op engem 4. Abrëll...

Lauschtert eran!

Haut virun 33 Joer stoung di amerikanesch Rock-Band Starship mat hirem Titel „Nothing’s Gonna Stop Us Now“ op der Plaz 1 an den US-Single-Charts. De Song war op der Band hirem 2. Album „No Protection“ drop a gläichzäiteg de Soundtrack zum Film „Mannequin“ vum Regisseur Michael Gottlieb.

De 4. Abrëll 1996 hunn Take That dee leschte Concert virun hirer Trennung gespillt. Si ware viru ronn 250 Leit an enger hollännescher TV-Show opgetrueden. Take That gehéieren zu deenen erfollegräichste Boy-Groups aus den 90er Joren. No bal 10 Joer huet d’Band am Hierscht 2005 hire grousse Comeback annoncéiert, hir éischt Tournée war innerhalb vun enger hallwer Stonn ausverkaaft. Zanterhier hunn Take That 5 Alben erausbruecht an am Juli 2010 konnte si dunn och endlech de Robbie Williams iwwerzeegen zeréckzekommen.

13 Joer sinn et dann haut hier, datt eng schwedesch Koppel Problemer mat den Autoritéiten hat, well si hirt Kand „Metallica“ nenne wollten. Dobäi muss ee wëssen, datt a Schweden di zoustänneg Verwaltung en Numm fir d’éischt accordéieren mussen, ier een e Pass oder eng Carte d’identité ufroe kann. Déi hu „Metallica“ als Kanner-Numm onpassend fonnt an en dofir net zougelooss. Nodeems d’Affaire international fir Opreegung gesuergt huet, hunn d’Schweden hir Decisioun dunn awer zwou Woche méi spéit zeréckgeholl an d’Eltere konnten hiert Kand no der legendärer Band benennen.

Genee 10 Joer sinn et dann haut hier, datt Scouting For Girls mat „This Ain’t A Lovesong“ op der Eent a Groussbritannie stoungen. Scouting For Girls ass eng brittesch Pop-/Rock-Band vu London, déi 2005 vun de laangjärege Kolleege Roy Stride, Greg Churchouse a Peter Ellard gegrënnt gouf.