Haut op engem 5. Abrëll...

Lauschtert eran!

Haut feiert de Pharrell Williams säi 47. Gebuertsdag. D’Karriär vum amerikanesche Kënschtler huet Enn den 90er an ufanks den 2000er als Produzent ugefaangen, hien huet Hits geschriwwe fir Museker ewéi d’Beyoncé, den Justin Timberlake, de Snoop Dogg an nach ganz vill aner grouss Nimm. Enn 2013 koum dunn awer och de groussen Duerchbroch als Solo-Artist, dat mat sengem Titel „Happy“, fir deen hien och e Grammy krut. A mat deem Song stoung de Pharrell Williams viru 6 Joer op sengem Gebuertsdag och op der Plaz 1 vun den US-Single-Charts. Am Ganzen a ronn 20 Länner hat hien et mat „Happy“ un d’Spëtzt an den Charts gepackt. Et war och de Soundtrack vum Animatiounsfilm „Despicable Me 2“.

Haut ass dann de 26. Doudesdag vum Kurt Cobain. Den amerikanesche Rock-Museker gouf ufanks den 90er Joren als Sänger a Gittarist vun der Band Nirvana bekannt, déi dem Grunge-Genre ugehéiert. Seng ganz Karriär iwwer hat de Museker Drogen- an Alkohol-Problemer. Op Wonsch vu sengem perséinlechen Ëmfeld huet de Cobain sech am Mäerz 1994 an eng Entzuchs-Klinick aliwwere gelooss. Hien hat et awer net laang do ausgehalen, no e puer Deeg ass hie fortgelaf an ënnergetaucht. De 5. Abrëll 94, am Alter vu 27 Joer, huet de Kurt Cobain sech a sengem Haus zu Seattle d’Liewe geholl. A sengem Abschids-Bréif stoung di legendär Zeil: „It’s better to burn out than to fade away.“ – en Zitat aus dem Neil-Young-Song „My My, Hey Hey (Out Of The Blue“)“.

9 Joer sinn et dann hier, datt Jamiroquai hei zu Lëtzebuerg an der Rockhal gespillt hunn. Si hunn deemools hiren Album „Rock Dust Light Star“ presentéiert, hunn awer natierlech och hir grouss Klassiker gespillt. De Concert war komplett ausverkaaft an de Public begeeschtert.