Haut op engem 6. Abrëll...

Lauschtert eran!

Haut viru 46 Joer, de 6. Abrëll 1974, hunn ABBA mat hirem Titel „Waterloo“ zu Brighton de Eurovision Song Contest gewonnen an domadder de Grondsteen fir eng grouss international Karriär geluecht. 2 Joer virdrun hat d’Band, déi iwweregens aus zwou Koppele besteet, sech an där schwedescher Haaptstad Stockholm gegrënnt. De Band-Numm ABBA ass eng Kombinatioun aus den Ufanks-Buschstawe vun de Virnimm vun deene véier Museker. Mat Lidder ewéi „Mamma Mia“ oder „Fernando“ hat d’Karriär vun ABBA Enn de 70er Joren hiren Héichpunkt erreecht. Duerno koum et ëmmer nees zu private Krisen, déi dozou gefouert hunn, datt sech di zwou Koppele kuerz noenee getrennt hunn. Am Dezember 82 hunn ABBA sech dunn opgeléist.

De 6. Abrëll 2007 hunn Die Fantastischen Vier hire 7. Studio-Album mam Titel „Fornika“ erausbruecht. Mat drop sinn ënnert anerem d’Lidder „Einfach sein“ mam Herbert Grönemeyer, „Was bleibt“ mam Max Herre oder „Ernten, was wir säen“. Zesumme mat Advanced Chemistry, de Beginner an dem Moses Pelham, gehéieren d’Fanta Vier zu deene Kënschtler, déi Hip-Hop an Däitschland am Laf vun den 90er Jore populär gemaach hunn.

6 Joer sinn et dann hier, datt den Aloe Blacc mat sengem Titel „The Man“ un der Spëtzt vun de UK-Single-Charts stoung. D’Lidd ass op sengem 3. Studio-Album „Lift Your Spirit“ drop. Virun allem bekannt ass den Aloe Blacc awer duerch de Mega-Hit „Wake Me Up“ zesumme mam Avicii, deen et a ganzer 22 Länner op d’Eent gepackt hat.