Haut op engem 7. Abrëll...

Lauschtert eran!

De 7. Abrëll 1978 hunn The Police dee legendären Hit „Roxanne“ als éischt Single-Auskopplung vun hirem Debut-Album „Outlandos d’Amour“ erausbruecht. D’Lidd dréit sech ëm e Mann, dee sech an eng Prostituéiert verléift. „Roxanne“ sollt ufanks keen Erfolleg hunn, eréischt ewéi de Song am Joer drop nei verëffentlecht gi war, ass et en Hit ginn. 1986 hunn The Police sech wéinst Onstëmmegkeeten opgeléist, fir hiren 30. Anniversaire hu si 2007 hire Comeback annoncéiert an eng grouss Welt-Tournée gespillt. Am August 2008 hunn The Police dunn awer matgedeelt, datt si sech endgülteg an am Gudden trenne géifen.

Haut feiert d’Anne-Marie säin 29. Gebuertsdag. Di brittesch Sängerin hat schonn eng Rei grouss Hits, dorënner „Alarm“, „Ciao Adios“, „Rockabye“ oder „Friends“ mam amerikaneschen DJ a Produzent Marshmello. Virun zwee Joer huet d’Anne-Marie säin Debut-Album „Speak Your Mind“ erausbruecht, deen hatt den 9. Mee d’lescht Joer och hei zu Lëtzebuerg an der Luxexpo The Box live presentéiert huet. Als Opening Act war deemools iwweregens d’Lennon Stella mat dobäi, dat jo mat den Chainsmokers den Hit „Takeaway“ hat.

13 Joer sinn et dann haut hier, datt Billy Talent mam Titel „Fallen Leaves“ fir 3 Wochen op der Plaz 1 an eisem Eldoradio Chartbreaker stoungen. Et sollt méi spéit och den Hit vum Joer ginn. „Fallen Leaves“ war eng vun de Single-Auskopplung vun hirem zweeten Album „Billy Talent ll“.