Haut op engem 8. Abrëll...

Lauschtert eran!

Haut virun 91 Joer ass de Jacques Brel op d’Welt komm. De belsche Museker war ee vun deene bedeitendste Chansonnieren an och als Schauspiller aktiv. No laanger Krankheet ass de Brel den 9. Oktober 78, am Alter vun nëmmen 49 Joer, un Häerz-Versoe gestuerwen.

Den 8. Abrëll 1982 huet di amerikanesch Rock-Band Toto hire 4. Studio-Album „Toto lV“ erausbruecht. Mat drop sinn ënnert anerem di grouss Hits „I Won’t Hold You Back“, „Africa“ a „Rosanna“. Den Album gouf mat ganzer 6 Grammy-Awards ausgezeechent, dorënner dee fir „Album vum Joer“. Toto ass an de Joren 1976/77 vun den High-School-Kolleegen Jeff Porcaro an David Paich gegrënnt ginn. Wéi et dunn drëms gaangen ass en Numm fir d’Band ze fannen, sollt jiddwer Museker sech bis deen nächsten Dag Gedanke maachen an owes an der Prouf eng Propos presentéieren. Zoufälleg ass deen Owend „Der Zauberer von Oz“ um Fernsee gelaf, an den Jeff huet den Numm „Toto“ héieren – esou heescht am Film dem Dorothy säin Hond. Well him deen Numm gefall huet, huet hien en deen nächsten Dag an der Prouf virgeschloen. Well „Toto“ op Latäin jo och nach sou eppes wéi „alles ëmfaassend“ heescht an dat gutt bei d’Band gepasst huet, déi sech net op ee Musek-Stil festleeë wollt, gouf den Numm dunn ugeholl.

36 Joer sinn et dann haut hier, datt d’Nena zesumme mat senger Band den Album „99 Lufballons“ erausbruecht huet. D’Sängerin gouf mat der Neuen Deutschen Welle bekannt an zielt zu deenen erfollegräichste KënschlterInnen aus der däitscher Museks-Geschicht.