Haut op engem 9. Abrëll...

Lauschtert eran!

Haut feiert de Clueso säi ronne 40. Gebuertsdag. Mat Lidder ewéi „Gewinner“, „Chicago“, „Zu schnell vorbei“ oder „Neuanfang“ konnt de Sänger an deene leschte Joren grouss Erfolleger feieren. Vir kuerzen huet hie seng ganz nei Single „Sag Mir Was Du Willst“ erausbruecht.

E weideren däitsche Singer/Songwriter huet haut Gebuertsdag: Den Tim Bendzko kritt 35 Joer.  Säi groussen Duerchbroch konnt de Museker vu Berlin am Joer 2011 mam Lidd „Nur noch kurz die Welt retten“ feieren. An och den Tim Bendzko huet nei Musek erausbruecht, d’lescht Joer am Oktober ass säi mëttlerweil 4. Studio-Album „Filter“ erauskomm. Do ass ënnert anerem den Track „Hoch“ mat drop.

A mir bleiwen an Däitschland: Do stoungen haut viru 36 Joer Alphaville mam Titel „Big In Japan“ fir 3 Wochen un der Spëtzt vun de Single-Charts. De Song war op der Band hirem Debut-Album „Forever Young“ drop. Alphaville waren eng däitsch Pop-Band, déi virun allem an den 80er- an an den 90er-Joren hir bescht Zäiten hat. „Big In Japan“ war 1984 an Däitschland och di erfollegräichste Single vum Joer.

A genee 20 Joer sinn et haut hier, datt de Moby mat sengem 5. Studio-Album „Play“ op der Plaz 1 an de UK-Album-Charts stoung, dat am Ganze fir 5 Wochen. Um Longplayer sinn direkt e puer vum Moby sengen Hits drop, ënnert anerem „Why Does My Heart Feel So Bad?“, „Natural Blues“ oder „Porcelain“. De Moby gehéiert zu deene Kënschtler, déi an den 90er Joren Dance-Musek fir de Mainstream-Public populär gemaach hunn.