Haut op engem 10. Abrëll...

Lauschtert eran!

Op engem 10. Mäerz waren direkt zwee grouss Concerten hei zu Lëtzebuerg. Am Joer 2013 huet de Mann mat der onverkennbarer Stëmm, den Joe Cocker, live bei eis an der Rockhal gespillt. Hien huet deemools nei Lidder aus sengem leschten Abum „Fire It Up“ presentéiert, natierlech waren awer och seng grouss Klassiker mat dobäi, zum Beispill „Up Where We Belong“, „You Can Leave Your Hat On“ oder „Unchain My Heart“. Den 22. Dezember 2014 ass den Joe Cocker u Longekriibs gestuerwen.

Virun 2 Joer war dann de Macklemore mat sengem 2. Album „Gemini“ an der Rockhal. Do sinn ënnert anerem d’Singelen „Good Old Days“ a „Glorious“ drop. Et war schonn dem Rapper säin drëtten Optrëtt zu Lëtzebuerg an op en neits konnt hien de Public an där ausverkaafter Rockhal matrappen.

Haut feiert di brittesch Singer/Songwriterin Sophie Ellis Bextor säin 41. Gebuertsdag. Bekannt ginn ass hatt mat Lidder ewéi „Not Giving Up On Love“ oder „Murder On The Dancefloor“. D’lescht Joer am Mäerz huet d’Sängerin mat „The Song Diaries“ säin éischte Greatest-Hits-Album released.

21 Joer sinn et dann haut hier, datt TLC mat hirem Titel „No Scrubs“ fir 4 Wochen un der Spëtzt vun den US-Single-Charts stoungen. TLC dat waren d’Tionne „T-Boz“ Watkins, d’Lisa „Left Eye“ Lopes an d’Rozonda „Chilli“ Thomas, dräi R&B- an Hip-Hop-Musekerinne vun Atlanta, déi virun allem an den 90er grouss Erfolleger feiere konnten.