Haut op engem 24. Abrëll...

Lauschtert eran!

Haut feiert den englesche Singer-Songwriter Ben Howard säin 33. Gebuertsdag. 6 Méint virum Ofschloss huet hie säi Journalismus-Studium ofgebrach, fir sech ganz op seng Museker-Karriär ze konzentréieren. An dee Plang schéngt opgaangen ze sinn, 2011 ass hien ënnert anerem mat der Single „Keep Your Head Up“ international bekannt ginn. 2013 huet de Ben Howard och 2 BRIT-Awards gewonnen, fir „British Breakthrough Act“ a „British Male Solo Artist“.

27 Joer sinn et dann haut hier, datt R.E.M. mat hirem 8. Studio-Album „Automatic for the People“ op der Plaz 1 an de britteschen Album-Charts stoungen. De Longplayer gouf vun de Kritiker vill gelueft a gëllt haut als Héichpunkt an der Karriär vun R.E.M. Mat drop ass ënnert anerem den Titel „Everybody Hurts“. De Band-Numm R.E.M. steet iwweregens fir „Rapid Eye Movement“ – eng Schlof-Phase vum Mënsch, an där sech d’Aen ganz schnell ënnert den Aendeckele beweegen. Den 21. September 2011 huet d’Formatioun ronderëm de Michael Stipe opgeléist.

4 Joer sinn et haut hier, datt The Lumineers mat „Cleopatra“ un der Spëtzt vun den amerikaneschen Album-Charts stoungen. Et war hiren 2. Longplayer, op deem ënnert anerem d’Lidder „Sleep on the Floor“ an „Ophelia“ drop sinn. The Lumineers dat sinn de Wesley Schultz an den Jeremiah Fraites, déi sech 2005 zu Ramsey am US-Bundesstaat New Jersey fonnt hunn. Zu hire musikaleschen Aflëss zielen de Bruce Springsteen, de Bob Dylan an den Tom Petty. Bekannt ginn ass d’Band 2012 mam Song „Ho Hey“. Hirt Talent hunn The Lumineers och schonn e puer Mol op de Bünen hei zu Lëtzebuerg gewisen.