Haut op engem 25. Abrëll...

Lauschtert eran!

Um 25. Abrëll 1987 stounge U2 mat hirem 5. Studio-Album „The Joshua Tree“ op der Plaz 1 an den US-Album-Charts. De Longplayer ass dem Bono sengem laangjärege Komerod Greg Carroll gewidmet, deen 1986 am Alter vun nëmme 26 Joer bei engem Motorrad-Accident ëm d’Liewe komm war. Um Album drop sinn ënnert anerem d’Lidder „With or Without You“ an „I Still Haven’t Found What I’m Looking For“. Souwuel den Album ewéi och d’Single-Auskopplungen haten et nieft den USA nach a villen anere Länner ganz uewen an d’Charts gepackt. An der Schwäiz konnt „The Joshua Tree“ sech zum Beispill fir ganzer 33 Wochen op der Eent halen.

De selwechten Dag hat d’Madonna et a Groussbritannien op di éischt Plaz an de Singles-Charts gepackt. Dat mat där leschter Single-Auskopplung vu sengem 3. Album „True Blue“, déi zu engem vun de Summer-Hits vun deem Joer sollt ginn: „La Isla Bonita“. D’Lidd gouf geschriwwe vun deenen zwee erfollegräiche Songwriter Patrick Leonard a Bruce Gaitsch, huet u sech „San Pedro“ geheescht a war fir de Michael Jackson geduecht. Deen huet de Song awer ofgeleent, esou datt de Gaitsch et dem Madonna ubidde konnt.

Haut virun 28 Joer hate Kriss Kross et mat hirem Hit „Jump“ fir 8 Wochen un d’Spëtzt vun den amerikanesche Singles-Charts gepackt. Kriss Kross, dat waren de Chris „Mac Daddy“ Kelly an de Chris „Daddy Mac“ Smith, e Rap-Duo vun Atlanta. Entdeckt ginn sinn di zwee ewéi si an engem Akafszenter opgetruede sinn. Den Titel „Jump“ hu Kriss Kross am Alter vun nëmmen 13 Joer geschriwwen – hiert Markenzeeche war et, d’Gezei dee falsche Wee unzedoen.