Haut op engem 26. Abrëll...

Lauschtert eran!

Haut feiert d’Tionne „T-Boz“ Watkins säi ronne 50. Gebuertsdag, hatt ass eng vun deenen dräi Musekerinne vun der amerikanescher Girl-Group TLC. Am Laf vun hirer Karriär huet d’Band, déi haaptsächlech an den 90er grouss Erfolleger feiere konnt, 9 Nummer-1-Hits an den US-Billboard-Charts placéiert. Dorënner „Unpretty“, „No Scrubs“, „Creep“ a „Waterfalls“. Mat ronn 70 Millioune verkaafte Placke sinn TLC di erfollegräichst amerikanesch Girl-Group iwwerhaapt.

De 26. Abrëll 2003 stounge Coldplay mat hirem 2. Studio-Album „A Rush Of Blood To The Head“ un der Spëtzt vun de UK-Album-Charts. Eng Woch no den Terror-Uschléi vum 11. September 2001 huet d’Band mat den Aarbechte vum Longplayer ugefaangen. Wéi de Chris Martin sot, haten d’Evenementer natierlech och en Afloss op de Songwriting-Prozess an hunn deelweis als Inspiratioun gedéngt. Di éischt Single-Auskopplung war den Titel „In My Place“. Aner bekannt Lidder vum Album sinn „The Scientist“ a „Clocks“. D’lescht Joer am November hu Coldplay schonn hiren 8. Longplayer mam Titel „Everyday Life“ erausbruecht.

4 Joer sinn et dann hier, datt de Max Giesinger seng Single „80 Millionen“ erausbruecht huet. De Song war op sengem 2. Album „Der Junge, der rennt“ drop. An den däitsche Medien gouf „80 Millionen“ als Sound-Track fir d’EM 2016 benotzt.