Haut op engem 27. Abrëll...

Lauschtert eran!

Haut feiert d’Melissa Viviane Jefferson, besser bekannt ënnert sengem Kënschtlernumm Lizzo, säin 32. Gebuertsdag. A senger Musek beschäftegt hatt sech virun allem mat Themen ewéi Diversitéit a Body Positivity. D’lescht Joer am Abrëll huet d’Lizzo mat „Cuz I Love You“ fir di éischte Kéier en Album bei engem Major-Label released an huet domat den internationalen Duerchbroch gepackt. A senger nach jonker Karriär huet d’Lizzo schonn 3 Grammy-Awards gewonnen.

Op engem 27. Abrëll goufen et dann zwee interessant Nummer-1-Hits an Däitschland:
Am Joer 1992 huet di amerikanesch Band Mr. Big mat hirem Titel „To Be With You“ weltwäit d’Charts gestiermt. Um 27.04.1992 stounge si fir ganzer 4 Wochen op der Eent an Däitschland.

20 Joer méi spéit, de 27. Abrëll 2012, hat den Alex Clare et mat „Too Close“ un d’Spëtzt vun den däitsche Single-Charts gepackt. De brittesche Singer/Songwriter verschafft a senger Musek Elementer vu Soul an Dubstep. „Too Close“ gouf am selwechte Joer och den Titel-Song fir d’Reklamm vum „Windows Internet Explorer 9“.

Viru genee 13 Joer huet d’P!nk seng Single „Dear Mr. President“ erausbruecht. D’Lidd war op der Sängerin hirem Album „I’m Not Dead“ drop an ass u sech e kriteschen an oppene Bréif un den deemolegen US-President George Bush.