Haut op engem 28. Abrëll...

Lauschtert eran!

Haut feiert den däitschen DJ a Produzent Robin Schulz Gebuertsdag. Hien ass den 28. Abrëll 1987 zu Osnabrück op d’Welt komm, kritt also haut 33. Joer. Schonn a jonke Joren huet elektronesch Musek am Schulz sengem Liewen eng grouss Roll gespillt, säi Papp war nämlech selwer e renomméierten DJ. 2013 ass de Robin duerch verschidde Remixes vu populären Hit-Singles bekannt ginn. Ënnert anerem hat hien den Titel „Waves“ vum Mr. Probz nei gemëscht an domat europawäit d’Charts gestiermt. Duerno koume Lidder ewéi „Prayer“, „Sugar“, „OK“ oder „Speechless“. Seng aktuell Single heescht „In Your Eyes“ zesumme mam Alida.

13 Joer sinn et hier, datt d’Beatsteaks live hei zu Lëtzebuerg am Club vun der Rockhal waren. D’Museker vu Berlin hunn deemools hire 5. Studio-Album „Limbo Messiah“ presentéiert. D’Beatsteaks gehéieren nieft den Ärzte an den Toten Hosen zu deene kommerziell-erfollegräichste Punk-Rock-Bands aus Däitschland.

An um 28. Abrëll 2013 huet d’Emeli Sandé en neie Rekord an de britteschen Charts opgestallt. Dat mat sengem Debut-Album „Our Version Of Events“, deen am Februar 2012 erauskomm war an dat Joer a Groussbritannien och de meescht-verkaaften Album vum Joer war. De Longplayer war zanter sengem Release an den Top-10 vun de UK-Album-Charts vertrueden, am Ganze fir 63 Wochen, esou laang ewéi keen aneren Debut-Album virdrun. D’Emeli Sandé hat domadder d’Beatles iwwerholl, déi bis dohin de Rekord gehalen haten.